Erwuessener a kanner vun 12 Joer un, Ticket vun  € 46,5,- fir nëmmen € 41,5
Kanner vu 4 bis 11 Joer, Ticket vun € 35,-fir nëmmen € 34
+ 60 € 35

OPGEPASST! D’BILLJEEË SI GÜLTEG FIR DÉI GANZ SUMMERSAISON 2017
( BIS DE 5. NOVEMBER 2017 INKLUSIV)

(D’Ouvertureszäiten fannt Dir hei ënnen um Internet Site)
Wann Dir e Problem oder eng Fro betreffend d’Bestellung vun Ären Ticketen hutt,
kontaktéiert w.e.g. Teleticketeasy iwwert Telefon um +32 9 298 01 89 oder iwwert Mail op helpdesk@teleticketeasy.be.

ET ASS PHANTASTESCH HEI!

Zesumme mat der Famill an d’Phantasialand?

De Fräizäitpark Phantasialand, hei vir an Däitschland, no bei Köln, proposéiert Iech Action, Abenteuer an Entertainment. Mat ergräifende Live Spektakelen, oder awer deeër gréisster Waasserbunn op der Welt. Natierlech just wann Dir Iech och traut.

Déi beléifste Plaz vun alle Frënn vu Fräizäitparken, egal wéi al se sinn:
D’Phantasialand, an der däitscher Gemeng vu Brühl, ass ee vun de populäerste Fräizäitparken an Europa.

Dir fannt hei méi 40 eemoleg Attraktiounen, verspreet a sechs Themewelten déi Iech verzauberen. Fantasy, Mystery, Deep in Africa, Berlin, China Town a Mexico.

Ënnert all de Spiller fënnt ee 7 Achterbunnen, 2 Waasserrutschen a 5 Spiller am Däischteren.

Kennt Dir schonn dat neit Chiapas Spill? Et ass eng Waasserattraktioun op net manner wéi fënnef Stäck! Een Tour dauert sechs Minutten mat dräi Descenten, dovunner eng hannerrécks. Mat engem Neigungswénkel vun 53°, huet d’Chiapas net nëmmen déi héchsten Descente, mä och déi gréissten op der Welt.

De Balck Mamba – och nach d’Kinnigin vun de Schlaangen ënnert den Achterbunne genannt – ass en anere Must wann Dir am Phantasialand sidd.

 

NEI: KLUGHEIM! Eng nei Themewelt. Zwou grouss Achterbunnen. Sechs Weltrekorder.

Am Phantasialand kënnt Dir eng nei Themewelt entdecken: Klugheim! Eng mystesch Welt, faszinant a mächteg an engems, impressionant an eenzegaarteg. Erfuerscht dëst geheimnisvollt Duerf matzen an enger wonnerschéiner Fielselandschaft.

Erlieft dës Themewelt mat den zwou groussen neien Achterbunnen TARON & RAIK an hir sechs Weltrekorder.

KLUGHEIM_2
  • TARON ass dee séierste Multi-Launch Coaster op der Welt.
  • TARON ass dee längste Multi-Launch Coaster op der Welt.
  • TARON huet déi intensiivst Katapult-Propulsioun (LSM) op der Welt.
  • 58 Schinne-Schnëttpunkten, dat sinn 116 Kräizungen op der Streck vum TARON: e Weltrekord fir e Multi-Launch Coaster.
  • RAIK ass dee séierste Family-Boomerang op der Welt.
  • RAIK ass dee längste Family-Boomerang op der Welt.

Entdeckt och all déi aner phantastesch Attraktioune wéi de Black Mamba, den Talocan, d’Coloradoo Adventure, d’Maus au Chocolat, de River Quest, de Winja’s Fear & Force an d’Mystery Castle. Selbstverständlech huet de Park och un déi ganz Kleng geduecht. Déi kréie vill Freed an der mäerchenhafter Welt vu Wuze Town.

Dir sidd kee Frënn vu séiere Spiller?

Zum Gléck bitt d’Phantasialand Iech och eng Hellewull u qualitativ héichwäertege Live-Spektakelen un, déi et derwäert si fir ze gesinn. A, last but not least, fannt Dir hei och sympathesch Butteker, geselleg Terrassen an eng Rëtsch raffinéiert Buffeten a Restauranten “à la carte”.

Et gëtt gefeiert!

Mir wëlle mat Iech eise 50. Gebuertsdag feieren. Während 4 Deeg kënnt Dir nämlech d’Celebration Days erliewen, wou all Dag ënnert engem spezielle Stär steet. Den 8. an 22. Juli wéi och de 5. an den 19. August, wäert de Park vun 9 Auer Moies bis Hallefnuecht op sinn! Sou kënnt Dir nach besser an nach méi laang vun eisen Attraktiounen a Spektakele profitéieren. Sprangt bei Sonnenënnergang an den TARON, d’Black Mamba oder an eng aner vun eise sëllechen Achterbunnen. Erlieft e ganzen Dag voller Plëséier an enger festlecher Stëmmung mat eemolege Spektakelen. An als Ofschloss vun dësem aussergewéinlechen Dag kënnt Dir dann och nach bei engem grousse Freedefeier dobäi sinn.

Dat bescht ass datt dir mat engem normalen Ticket vun dësen extra laangen Deeg vun 9 Auer Moies bis Hallefnuecht profitéiere kënnt.

Info

Wéi kommen ech an d’Phantasialand?

Mam Auto

Vun der A61: Verloosst d’A61 op Héicht vu Bliesheim (Richtung Brühl, fuert ongeféier 4 KM op der A553/ verloosst d’A553 bei der Sortie Brühl Süd / lénks Phantasialandstraße /1. rout Luucht riets Berggeiststraße (Phantasialand).

Vu der A1 aus: Fuert d’A1, duerno d’A553 a Richtung vun der A61 Koblenz / wiesselt zu Brühl op d’A553 bei der Sortie Brühl Süd, fuert weider a Richtung Brühl Süd / no riets an d’Phantasialandstraße / bei der éischter rouder Luucht no riets an d’Berggeiststraße (Phantasialand)

Gitt dës Adress an Ären Navigatiounssystem an: Berggeiststraße 31-41, 50321 Brühl.

Parking:

Eis Parkingen “Mystery” an “China” stinn zu Ärer Verfügung. Den Accès an d’Phantasialand ass immens einfach, ënnert anerem och mat den Navette vum Phantasialand déi Dir um Arrêt KVB vun der Linn 18 “Brühl-Mitte” an op der Gare “Brühl Hauptbahnhof” huele kënnt. En Aller-Retour kascht 3,00 Euro.

Mir wënschen Iech eng gutt Rees a freeën eis op Äre Besuch!

Ouverture Summer 2017

Fotos

Ticketen Phantasialand