Entdeckt de beschte Fräizäitpark aus Däitschland!

E ganzen Dag Abenteuer, Adrenalin an Zauber... Entdeckt de beschte Fräizäitpark aus Däitschland mat sengen top Attraktiounen a phantastesche Virféierungen!
D’Phantasialand fannt Dir zu Brühl, direkt bei Köln an ass déi Dramdestinatioun fir e klengen Ausfluch mat der Famill oder fir e verzauberten Openthalt an engem vun den 2 Themen-Hoteller ze maachen.
scrolldown icon

Eemol bezuele fir den doppelte Spaass

Gëtt et eppes Besseres wéi en Dag am Phantasialand? Natierlech, nämlech 2 Deeg fir de Präis vun engem! Jiddereen, dee virum 31. Mee 2018 an d’Phantasialand kënnt, kritt e Bong fir eng 2. Visite, gratis.

Eng super Promotioun fir déi nei Saison unzefänken!


Wéi kënnt Dir heivunner profitéieren?


Plangt eng Visite tëscht dem 24. Mäerz an 30. Mee an d’Phantasialand.
Kaaft Är Billjeeën online op Funticket.lu a vergiesst net d’E-Billjeeën print@home ze printen!
Den Dag vun der Visite selwer, kënnt Dir dann Ären original Billjee géint e Bong fir eng gratis 2. Visite ëmtauschen.
D’Tickete kënnt Dir vun 12:00 Auer u beim Kiosk vum Kaiserplatz a vu 14:00 Auer u bis zu der Fermeture vum Park bei de Sortië vum Park selwer ëmtauschen.
Ënnerschreift Äre Bong mat Ärem Numm.
Bei der 2. Visite braucht Dir also just de Bong an eng Carte d’Identité ze weisen fir gratis an d’Phantasialand eranzekommen.
De Bong kënnt Dir och schonn direkt den Dag duerno gebrauchen.

Gëltegkeet
De Bong ass fir folgend Periode gëlteg: vum 24. Mäerz un, de ganzen Abrëll, Mee, Juni, September, Oktober a bis de 4. November 2018. Dës Offer zielt fir all bezuelte Billjee.

 

Nach vill méi Spaass während der grousser Vakanz!

Fir déi Leit, deenen d’Deeg am Phantasialand nach ze kuerz si brauche sech keng Suergen ze maachen, well de Park ass tëscht dem 7. Juli an de 26. August 2018 all Dag bis 20:00 Auer op-


Är Ticketen elo bestellen

Den Hotel méi fréi buchen!

Themen-Hoteller am Phantasialand
Den Zauber soll nach weider unhalen? Da Verbréngt eng Nuecht am beschte Fräizäitpark an Däitschland! Direkt zwee Luxushoteller stinn Iech nämlech hei mat hiren eenzegaartegen Themen zu Verfügung.
Den 3 Stären Superior Hotel Matamba, dee perfekt u Famillen ugepasst ass, hëlt Iech mat an d’déift Afrika wou Jonk an Al vun de Schéinheete vun dësem dach awer aussergewéinleche Kontinent profitéiere kënnen.
De 4 Stären Hotel Ling Bao verféiert Iech an déi relaxant Stëmmung vum “Reich der Mitte”. Dësen Hotel ass no de Richtlinnen vum Feng Shui gebaut, Dir kënnt Iech also no all de Reegele vun der Konscht, entspaanen.
Ausserdeem, kënnen déi Leit, déi an engem vun den Hoteller iwwernuechten, vun enger exklusiver extra Stonn no der Fermeture vum Park op dem TARON & RAIK profitéieren.

VERBRÉNGT ENG NUECHT AM SCHÉINSTE FRÄIZÄIPRAK AUS DÄITSCHLAND A SPUERT DOBÄI OCH NACH SUEN


Wat Dir méi fréi reservéiert, wat Dir méi spuere kënnt:


- Dir kritt eng Reduktioun vu 25% wann Dir op mannst 6 Wochen am Viraus reservéiert
- Dir kritt eng Reduktioun vu 15% wann dir op mannst 3 Wochen am Viraus reservéiert
Dës Offer gëllt fir all Iwwernuechtungen an den Themen-Hoteller Matamba a Ling Bao. De Buffet moies ass ëmmer mat abegraff.


D’Entrée an de Park ass net mat an dëser Offer dran. Gitt op Funticket.lu, fir d’Ticketen zu engem bessere Präis ze kréien.

Den Hotel reservéieren

D’Summersaison geet bis de 4. November 2018

D’Phantasialand ass tëscht dem 24. Mäerz an dem 4. November 2018 zu dësen Auerzäiten op:


- Vum 24. März bis de 6. Juli 2018 (9:00 Auer bis 18:00 Auer)
- Vun 7. Juli bis de 26. August (9:00 Auer bis 20:00 Auer)
- Vum 27. August bis de 4. November 2018 (9:00 Auer bis 18:00 Auer)

Bestellt Är Ticketen fir d’Phantasialand elo hei

E ganzen Dag Abenteuer, Adrenalin an Zauber... Entdeckt de beschte Fräizäitpark aus Däitschland mat sengen top Attraktiounen a phantastesche Virféierungen! D’Phantasialand fannt Dir zu Brühl, direkt bei Köln an ass déi Dramdestinatioun fir e klengen Ausfluch mat der Famill oder fir e verzauberten Openthalt an engem vun den 2 Themen-Hoteller

 

A 6 themateschen Zonen, Fantasy, Berlin, Deep in Afrca, China Town, Mexico a Mystery fannt Dir eng sëllechen Attraktiounen a Spektakelen vu weltklass. D’Phantasialand bitt Iech fir all Alter eng onvergiesslech Erfahrung un!



 

 

 

 

 

taron achtbaan

Den Themen-Universum Klugheim

Reest duerch déi geheimnisvoll Fielsewelt vu Klugheim. An dëser Zon fannt Dir den Taron, de séierste Multi-Launch Coaster vun der Welt! Hei musse sech och déi Couragéiste waarm undoen. Dës Achterbunn huet eng vun den intensiivste Propulsiounen an all Kéier déi kënnt huet et u sech.


De Raik ass de längste Familleboomeran vun der Welt. Gitt mat op eng Zäitrees: fir d’éischt no fir an dann no hannen. Et ass eng Erfahrung fir all Alter.

Reservéiert Är Ticketen elo!

 

 

 

 

 

Net wäit vu Klugheim ewech sidd Dir schonn a Mexiko. Huelt do d’Chiapas, déi Waasserrutsch mat déi stäerkster Neigung vun der Welt.
An der Zon Deep in Africa, kënnt Dir Iech mat der präisgekréintener Black Mamba, duerch däischter Rësser a Schluchten schlängelen oder gitt mat der ganzer Famill op d’Maus au Chocolat, der däischterer interaktiv 3D Mausjuegd déi et nëmmen eemol a ganz Europa gëtt.


Halt Iech gutt un an huelt de geckegen Zuch deen Iech duerch d’Colorado-Adventure-Minne an de Colorado Mountains jot.


Wuze Town ass dat klengt pittoreskt Dierfchen an der Fantasy Zon, wou déi ganz kleng sech och mat flotten Attraktiounen amëséieren kënnen.

Reservéiert Är Ticketen elo



Eng richteg kulinaresch Erfahrung!


All dës aussergewéinlech Erliefnesser maachen hongereg. Am Phantasialand fannt Dir bestëmmt ënner all deenen héich qualitative Restauranten deen, deen zu Ärem Goût passt. Wéi wier et mat engem Teller frëschen Nuddelen am Restaurant “Unter den Linden” oder Tapas aus dem Restaurant “Cocorico”? Eng méi artisanal Kiche kënnt Dir an der waarmer Ambiance vun der “Rutmor’s Taverne” genéissen. Fir déi, déi di asiatesch Kiche gären hunn, si wëllkomm am Restaurant “Mandschu”. E gudden Appetit!

Bestellt séier Är Ticketen iwwert Funticket.lu